Et ass d'Saison vun den Äerdbieren, hei een einfacht a séiert Rezept

Fir 4-5 Portiounen – 1 Nuecht am Frigo

Fir d’Panna Cotta:
400ml Ram
1 Vanillsstaang
70g Zocker
3 Gelatine-Blieder
200ml Mëllech

Fir de Coulis:
180g Äerdbieren + e puer méi fir d’Deko
1 ½ Iessläffel Pudderzocker
3 ½ Iessläffel Amaretto

Fir d’Panna cotta, d’Ram an en Dëppe ginn. D’Vanillsstaang de laange Wee opschneiden an zesumme mam Zocker bei d’Ram ginn. Lues opkache loossen – soubal d’Flëssegkeet ufänkt ze kachen, vun der Kachplack erofhuelen.
 
Wärend där Zäit d’Gelatine-Blieder an enger Schossel mat kalem Waasser aweechen – eng 5 Minutte ginn duer.
 
D’Vanillsstaang aus der Ram huelen.* D’Gelatine-Blieder aus dem Waasser huelen an ausdrécken, dann an déi waarm Ram ginn an ëmréieren fir dass se sech opléisen.
 
D’Ram an e Krou schëdden, d’Mëllech derbäischëdden a réieren. D’Flëssegkeet a 4-5 Schësselcher oder Tase schëdden an Uewen e bëssi Platz fir de Coulis loossen. D’Schësselcher mat Frëschhaltefolie bedecken an iwwert d'Nuecht an de Frigo stelle fir fest ze ginn.
 
Den nächsten Dag de Coulis maachen: di gréng Stiller vun den Äerdbieren fortschneiden an d’Äerdbieren mam Pudderzocker an Amaretto an e Mixer ginn. Zu engem Püree mixen.
 
De Coulis iwwert d’Panna Cotta schëdden a virum Zerwéiere mat e puer Äerdbieren dekoréieren.
 
*D’Vanillsstaangen ofwäschen an iwwert d'Nuecht op engem Duch dréchne loossen. Dann an en Dëppche mat Zocker leeën fir Vanillszocker ze maachen (no enger Woch schmaacht den Zocker no Vanill), oder an eng kleng Fläsch mat Vodka ginn an e Mount zéie loosse fir d'Vanill-Extrakt ze maachen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun