E gutt südlännescht Rezept

Fir 2 Portiounen

2 Saumons Fileten, ouni Haut (ongeféier 250g am Ganzen)
20g Broutgrimmelen
1 kleng Knuewelekszéif
1 Iessläffel Olivenueleg
e bëssen Zitrounezest (Zitrouneschuel a kleng Sträife geschnidden)
1 Iessläffel Estragon (oder aner Kraider)
Salz a Peffer
 
Fir d’Tomaten:
200g Cherry Tomaten
1 ½ Kaffisläffel Herbes de Provence
½ Kaffisläffel Fenchelkären
1 kleng Knuewelekszéif
en Schotz Balsamicoesseg
Olivenueleg

Fir de Kornischong-Jughurt:
120g Griichesche Jughurt
½ Kornischong
Zitrounezest

Couscous, fir ze zerwéieren

Mat den Tomaten ufänken. De Schäffchen op 180°C "Umluft" erhëtzen. D’Tomaten an eng Bakform ginn a mat den Herbes de Provence a Fenchelkären bestreeën. De Knuewelek schielen, a Scheiwe schneiden a bei d’Tomate ginn. E bëssi Balsamicoesseg iwwert d’Tomate schëdden, an e gudde Schotz Olivenueleg derbäiginn. Mat Salz a Peffer wierzen an eng 15-20 Minutten am Schäffche baken.
 
Wärend där Zäit d’Kuuscht fir de Saumon preparéieren. D’Broutgrimmelen an e Mixer ginn. De Knuewelek schielen a pressen an derbäi ginn. Olivenueleg, e bëssen Zitrounezest a Salz a Peffer derbäiginn an dat Ganzt mixen fir dass et zesummekënnt.
 
D’Saumonsfileten an eng geuelegt Bakform leeën. D’Broutcroûte drop drécke fir dass se peche bleift. Am Schäffche fir 10 Minutte baken (ech stelle se nieft d’Tomaten an de Schäffchen).
 
Wärend där Zäit de Kornischong-Jughurt preparéieren. D’Kornischong schielen an de laange Wee opschneiden an d’Kären rauskrazen. D’Kornichong rappen a bei de Jughurt an eng Schossel ginn. Mat Zitrounezest, Salz a Peffer wierzen.
 
De Jughurt op zwee Teller verdeelen. Mat gebakenen Tomaten beleeën, da jeeweils ee Saumonsfilet dropsetzen a mat e bëssi Couscous zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun