Eng kleng Entrée déi ganz einfach ze preparéieren ass.

Fir 2 Persounen

Fir de Gazpacho:
50g Walnëss
1 Kornischong
1 Fréijoerszwiwwel
1 kleng Knuewelekszéif
25g aalt Brout
1 ½ Iessläffel Menthe
1 ½ Iessläffel Dill
1 ½ Iessläffel Estragon
125g Jugurt
50ml Olivenueleg
100ml kale Bouillon
½ Iessläffel Zitrounejus
1 Iessläffel Esseg
e puer Drëpsen Tabasco
¼ Kaffisläffel Salz
Peffer
 
100g Crevettes grises
Granatapelkären

D’Nëss an e Mixer ginn a reng haken.
 
D’Kornischong schielen. ¾ vun der Kornischong a grouss Stécker schneiden an an de Mixer ginn. De reschtlechen Drëttel de laange Wee opschneiden, d’Kären rauskrazen an a kleng Kübe schneiden. An de Frigo stelle bis de Gazpacho zerwéiert gëtt.
 
D’Fréijoerszwiwwel haken, d’Knuewelekszéif schielen a pressen an béides an de Mixer ginn. D’Brout a kleng Stécker schneiden an och an de Mixer ginn.
 
D’Kraider, de Jugurt, Olivenueleg a Bouillon an de Mixer ginn an alles zu enger glater Zopp mëschen. Mat Zitrounejus, Esseg, Tabasco, Salz a Peffer wierzen an nach eng Kéier mixen.
 
De Gazpacho fir 2 Stonnen an de Frigo stelle fir gutt kal ze ginn.*
 
Fir ze zerwéieren, de Gazpacho op 2 Schossele verdeelen. Mat Konischongsküben, Crevettes grises a Granatäpelkären bestreeën, a mat e puer Drëpsen Olivenueleg dekoréieren.
 
*et kann een en och direkt zerwéieren, dann einfach e puer Äiswierfel derbäi ginn.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun