E Klassiker, hei mat ganz vill Geméis dran

Fir 4 Persounen

1 rout Ënn
1 Courgette
2 Knuewelekszéiwen
3 Tomaten
2 Iessläffel Olivenueleg
Balsamicoesseg
1 ½ Iessläffel Wanseler Kraidermix oder Herbes de Provence
50g gedréchent Tomaten am Ueleg
50g Artichauten am Ueleg
50g gréng Oliven
50g Ruccola
250g Orzo/Bagos Nuddelen
50g Parmesan, gerappt
400ml Geméisbouillon, waarm
150g mini Mozzarella Boulen
Salz a Peffer

De Schäffchen op 180°C "Umluft" virhëtzen.
 
D’Ënn schielen an a Scheiwe schneiden. D’Courgette a Kübe schneiden. De Knuewelek schielen a pressen. D’Tomaten a Scheiwe schneiden.
 
En Iessläffel Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an d’Ënne wärend 5 Minutte mat enger Pouz Salz ubrode bis se mëll sinn. De Knuewelek derbäiginn an eng weider Minutt ubroden, da mat engem Schotz Balsamico ofläschen. Dat Ganzt an eng 30x20cm Bakform ginn.
 
E weideren Iessläffel Olivenueleg an der Pan erhëtzen an d’Courgette mat engem ½ Iessläffel Wanseler Kraidermix oder Herbes de Provence an enger Pouz Salz ubroden bis se ufänken al dente ze sinn (ongeféier 4 Minutten). An d’Bakform bei d’Ënne ginn.
 
Déi gedréchent Tomaten an d’Artichauten a Stécker schneiden, d’Oliven an Zwee schneiden, de Ruccola graff haken an an d’Bakform ginn. D’Nuddelen an de Parmesan derbäiginn an alles réieren fir dass sech alles gutt vermëscht.
 
De Gemeisbouillon driwwer schëdden, dann d’Mozzarella Boulen iwwert dem Plat verdeelen a mat Tomatescheiwe bedecken. Mat Wanseler Kraidermix oder Herbes de Provence, Salz a Peffer wierzen.
 
Fir 40 Minutten am Schäffche baken.

Fir eng Alternativ mat Fleesch:

4 Zoossissen heiten, a kleng Bouletten aus dem Fleesch formen. D’Bouletten mat e bessi Ueleg an enger Pan ubroden bis se schéi brong sinn. Da bei all déi aner Ingredienten an d’Bakform ginn éier alles an de Schäffchen geet.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun