Ee gudden Dessert deen an d'Saison passt.

Fir 1 Taart

150-200g Marzipan
15g Botter, mëll
1 Iessläffel Zocker
1 Ee
1 Iessläffel Miel
eng Pouz Salz
280g Bliederdeeg
700g Rubbarb*
1 Iessläffel Mëllech
1 Iessläffel brongen Zocker
Pudderzocker, fir ze zerwéieren

De Schäffchen op 200°C virhëtzen.
 
De Marzipan rappen an an eng Schossel ginn mam Botter, Ee, Miel an enger Pouz Salz. Dat Ganzt Mixen fir dass et zesummekënnt.
 
De Rubbarb wäschen an d’Staangen an 6cm laang Stécker schneiden.
 
De Bliederdeeg ausrullen. E puer Mol mat enger Forschett an den Deeg picken, dann en Rand vun 1cm liicht mat engem Messer aschneiden.
 
D’Marzipanmëschung um Deeg verdeelen, sou dass se net iwwert de Rand geet.
 
D’Rubbarb-Stécker an engem Zick-Zack Muster um Deeg verdeelen.
 
De Rand mat Mëllech bepinselen an da mat brongem Zocker bestreeën.
 
Am Schäffche fir 25 Minutte baken.
 
Komplett ofkillen loossen an virum zerwéieren generéis mat Pudderzocker bestreeën.

*am Beschten Rhubarbsstaangen auswielen déi eng änlech Déckt hunn, fir dass d’Muster vun der Taart méi reegelméisseg gëtt.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun