Vietnamesesch Rulle sinn e perfekt Rezept fir de Summer

Pro Rull

10g Räis Vermicelli Nuddelen
1 Blat Laitue
e bëssi gerappte Kornischong
e bëssi gerappte Wuerzel
3 gekachte Krevetten
e puer Menthe-Blieder
e puer Koriander-Blieder
1 Vietnamesesche Räispabeier

Fir de Cacahouetten-Dip:

1 Iessläffel Cacahouette-Botter
2 Kaffisläffel Sojaszooss
1 Kaffisläffel Ingwerpaste
¼ Knuewelekszéif, zerdréckt
Limettejus
Waasser
 
D’Räis Vermicelli Nuddelen an eng Schossel ginn a mat kachendem Waasser beschëdden. Eng 4 Minutten zéie loossen, a se dann ofschëdden a mat kalem Waasser ofschrecken.
 
Eng grouss Schossel mat wotlechem Waasser fëllen. E Räispabeier an d’Waasser zappen an op d’Aarbechtsplack leeën.
 
E Laitues-Blat huelen a mat Nuddelen, Kornischong a Wuerzel beleeën. Oprullen a mat der Nout no ënnen op eng Säit vum Räispabeier leeën – dobäi e Bord vu 4cm loossen.
 
Dräi Krevetten an e puer Kraider-Blieder parallel zu der Zalote-Rull op de Räispabeier leeën, an e bessi Platz dertëscht loosen.
 
Den Räispabeier oprullen: den Räispabeier fest iwwert d’Zaloten-Rull zéien, an d’Rull fest rullen. D’Säiten vum Räispabeier aklappen a mam rulle weiderfueren – dobäi d’Zalote-Rull fest iwwert d’Krevette rullen an oprulle bis de ganze Räispabeier opgerullt ass.
 
Fir den Dip all d’Ingredienten vermëschen, mat Limettejus ofschmaachen a genuch Waasser derbäi ginn fir e leefegen Dip ze kréien.
 
D’Zalote-Rullen mat dem Dip zerwéieren.

Alternativ Fëllungen:

Avocado
Surimi
Gereecherten Tofu
Poulet

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun