Eppes Séisses fir d'Woch opzehaalen.

Fir 1 x 20cm Kuch

Fir de Kuch:
200g Zocker
200g Botter
4 Eeër
1 Kaffisläffel Vanill-Extrakt
200g Miel
2 Kaffisläffel Bakpolver
eng Pouz Salz
 
Fir d’Fëllung
200g Mascarpone
100ml Ram
40g Zocker
150g Quetschekraut
 
Pudderzocker, fir ze dekoréieren
 
De Schäffchen op 170°C "Umluft" virhëtzen.
 
Zwou ronn 20cm Bakformen mat Bakpabeier beleeën an d’Säiten afetten.
 
An enger Schossel den Zocker mam Botter gutt mixen. Noeneen d’Eeër derbäiginn, an dertëscht ëmmer gutt mixen. De Vanill-Extrakt derbäiginn an nach eng Kéier mëschen.
 
An enger zweeter Schossel d’Miel mam Bakpolver an enger Pouz Salz vermëschen. Bei d’Eeërmëschung ginn an zu engem glaten Deeg vermëschen.
 
Den Deeg op déi zwou Forme verdeelen an am Schäffche fir 20 Minutte baken.
 
D’Kuchen aus der Form huelen an op engem Kuchegitter ofkille loossen.
 
Wärend där Zäit d’Fëllung preparéieren. D’Mascarpone an eng Schossel ginn a kuerz mixen fir dass se mëll gëtt. D’Ram mam Zocker zu enger Schlagsan schloen a bei d’Mascarpone ënnerhiewen. An eng Sprëtztut ginn.
 
Ee Kuch op een Zerwéierteller setzen, sou dass déi platt Säit no uewe kuckt. Mat dem Quetschekraut besträichen. Da mat der Sprëtztut d’Crème dropsprëtzen.
 
Den zweete Kuch dropsetzen a mat Pudderzocker bestreeën.
 
TIP: Dëse Kuch léisst sech och gutt afréieren. Einfach am Frigo entdeeë loossen.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun