En traditionellt Rezept a vegetarescher Versioun

Fir 2 Persounen

1 Ënn
500g Champignonen
½ Block gereecherten Tofu (100g)
50g Botter
2 Knuewelekszéiwen
125ml wäisse Wäin
250ml Ram
1 Iessläffel Estragon, gehaakt
1 Iessläffel Péiterséileg, gehaakt
1 Kaffisläffel Maizena
Salz a Peffer
 
Fir ze zerwéieren:
2 Bouchée Bliederdeeg-Näschter
Räis
 
D’Ënn schielen a reng haken. 350g Champignonen a Véierel schneiden, de Rescht reng hacken. Den Tofu a Wierfel schneiden.
 
D’Hallschent vum Botter an enger Pan schmëlzen an d’Ënnen mat enger Pouz Salz wärend 8 Minutten ubroden, bis se richteg mëll a brong sinn. De Knuewelek schielen a pressen an no 8 Minutten bei d’Ënne ginn an eng weider 2 Minutten ubroden. Dat Ganzt an eng Schossel ginn an op d’Säit stellen.
 
De Rescht Botter an der Pan schmëlzen an d’Champignons-Véierel mat enger Pouz Salz wärend 4 Minutten ubroden, bis se ufänke Waasser ze loossen. Di gehaakte Champignonen derbäi ginn an dat Ganzt eng weider 8 Minutten ubrode bis all d’Waasser vun de Champignonen verkacht ass an d’Champignonen brong gebrode sinn.
 
D’Ënnen an den Tofu bei d’Champignonen an d’Pan ginn, de wäisse Wäin derbäi ginn an 2 Minutten opkache loossen. D’Ram an d’Kraider derbäi ginn an opkachen.
 
De Maizena mat 2 Iessläffel Waasser an enger klenger Schossel opléisen, da bei d’Zooss ginn a kuerz opkache loossen fir d’Zooss ze décksen.
 
Wärend d’Zooss kacht, d’Bliederdeeg Näschter bei 120°C am Schäffchen eng 10 Minutten opwiermen.
 
Den Deckel vun de Bliederdeeg Näschter rausschneiden. All Bliederdeeg mat enger gudder Portioun Champignonszooss fëllen a mam Deckel bedecken. Mat Räis zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun