Eppes Séisses aus der Saison

Fir 6 Persounen

500g Rubbarb
40g Zocker
 
Fir d’Crème:
2 Eeër
70g Zocker
1 Iessläffel Vanillszocker
250g Mascarpone
200ml Ram
 
75ml Grand Marnier
75ml Waasser
200g Amaretti Kichelcher + e puer fir d’Deko
 
Den Schäffchen op 180°C "Umluft" erhëtzen.
 
De Rubbarb an 3cm laang Stécker schneiden. An eng Bakform leeën an den Zocker driwwerstreeën. D’Bakform mat Aluminium bedecken an un de Säiten zoumaachen, sou dass de Rubbarb an der Form gedëmpt gëtt. Am Schäffche 15 Minutte baken, bis de Rubbarb mëll ass. Op d’Säit stellen an ofkille loossen.
 
Fir d’Crème d’Eeër trennen. D’Eewäiss mat enger Pouz Salz zu Schnéi schloen. An enger grousser Schossel d’Eegiel mam Zocker a Vanillzocker mixen, d’Mascarpone derbäiginn a mixen.
 
Den Eeschnéi bei d’Mascarpone Crème ginn, awer nach net vermëschen.
 
D’Ram zu Schlagsan schloen an bei d’Mascarpone Crème an den Eeschnei ginn. Dat Ganzt douce ënnerhiewen sou dass eng locker Crème entsteet.
 
De Grand Marnier mam Waasser an eng kleng Schossel ginn.
 
D’Amaretti Kichelcher an de Grand Marnier zappen, dann op 6 Zerveierglieser verdeelen. Wann nach Grand Marnier an der Schossel iwwreg ass, de Rescht iwwert d’Kichelcher an de Glieser schëdden.
 
D’Kichelcher mat Mascarponecreme bedecken, dann mat Rubbarb beleeën. E puer Amaretti zergrimmelen an de Rubbarb domat virum Zerwéieren dekoréieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun