E Menü deen all Kand gutt schmaacht.

Fir 4 Persounen

50g Botter, mëll
2 Knuewelekszéiwen
15g Péiterséileg
500g Pouletsfileten
8 mini Mozzarella Bullen
e bësse Miel
1 Ee
Panéiermiel
Ueleg, fir ze broden
Salz a Peffer
 
Fir de Kachkéis Püree:
800g mieleg Gromperen
40g Botter
250g Kachkéis
100ml Ram oder Mëllech
 
Mam Knuewelekbotter ufänken: d’Knuewelekszéiwen schielen an pressen a mam Botter an eng kleng Schossel ginn. De Péiterséileg reng haken a bei de Botter ginn. Mat Salz a Peffer wierzen a mat enger Forschette tripsen bis alles gutt vermëscht ass. Op d’Säit stellen.
 
D’Pouletsfileten a Stécker schneiden a mat engem Téiläffel Salz an e bëssi Peffer an e Mixer ginn. Zu enger graffer Past mixen. Mat naassen Hänn e bëssi Fleesch huelen an an enger Hand flaachdrécken. En Téiläffel Knueweleksbotter an d’Mëtt vum Fleesch ginn an eng Mozzarella Boule dropleeën. D’Fleesch iwwert d’Fëllung falen an zu enger Boule formen. Am Ganzen 8 Fleeschbällecher machen.
 
E bëssi Miel op en Teller ginn. D’Ee an engem Zoppenteller opklappen. D’Panéiermiel op en drëtten Teller ginn. All Fleeschball als éischt an d’Miel, dann an d’Ee zappen, an da komplett mat Panéiermiel arullen. Op d’Säit stellen.
 
Fir de Püree d’Grompere schielen an an Stécker schneiden. An en Dëppe mat Salzwaasser ginn an opkache loossen, da 15 Minutte kachen bis d’Grompere mëll sinn.
 
Wärend d’Grompere kachen, d’Nuggets broden: genuch Ueleg an eng Pan schëdde fir de Fong vun der Pan ganz ze bedecken. Bei mëtteler Hëtzt d’Nuggets eng 12-15 Minutten op alle Säiten ubroden, bis se brong sinn an d’Fleesch bannendra komplett gekacht ass.
 
D’Gromperen ofschëdden an zu engem Püree stampfen. De Botter, Kachkéis an D’Ram oder Mëllech derbäiginn, mat Salz a Peffer wierzen a gutt vermëschen.
 
E bëssi Püree op all Teller ginn an all Portioun mat 2 Chicken Kiev Nuggets zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun