Eng Zort Ratatouille fir einfach nozemaachen.

Fir 2-3 Persounen

2 rout Paprika
1 Ënn
2 Iessläffel Olivenueleg
2 Knuewelekszéiwen
½ Téiläffel Kräizkümmelpolfer
¼ Téiläffel Chiliflacken
½ Téiläffel Paprikapolver
1 Iessläffel Harissa (optional)
800g Tomatestécker aus der Bécks
1 Téiläffel brongen Zocker
4-6 Eeër*
80g Feta
Koriander, fir ze zerwéieren
Salz a Peffer
 
D’Paprika opschneiden, entkäeren an an 2cm Stécker schneiden. D’Ënn schielen a reng haken.
 
Den Olivenueleg an enger Pan erhëtzen an de Paprika mat den Ënnen zesumme fir 8 Minutten ubroden, bis se mëll ginn.
 
Wärend där Zäit de Knuewelek schielen a pressen. No 8 Minutten de Knuewelek an d’Pan ginn, zesumme mam Kräizkümmel, Chili, Paprikapolver an Harissa. Eng weider Minutt ubroden.
 
D’Tomatestécker, den Zocker an ¾ Téiläffel Salz an e bësse Peffer derbäiginn. 10 Minutte kache loosse fir dass d’Zooss déckst.
 
4-6 kleng Kaulen an d’Zooss machen an d’Eeër dranginn. De Feta iwwert deem Ganzen zergrimmelen. D’Pan mat engem Deckel bedecken an eng weider 5 Minutte kachen.
 
Den Deckel erofhuelen an dat Ganzt mat Koriander bestreeën. Mat Pita oder Brout zerwéieren.
 
*d’Tomatenzooss ass eng grouss Portioun fir 2 Leit, mais geet och déck duer fir 3 Leit. Rechent 2 Eeër op de Kapp.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun