Eng gutt Quiche, einfach ze preparéiere mat engem Touch vu Lëtzebuerg.

Mécht 1 Quiche vun 30cm

Fir den Deeg:
250g Miel + e bësse fir d’Aarbechtsplack
125g kale Botter
1 Ee
35ml kaalt Waasser
1 Kaffisläffel Salz
 
1 grouss Porett
20g Botter
2 Iessläffel Moschter
100g Emmentaler oder Gruyère, gerappt
 
Fir de Flan:
350g Kachkéis, 40% Fett
100ml Ram
3 Eeër
Salz a Peffer

Mam Deeg ufänken: d’Miel an eng grouss Schossel ginn. De Botter a Kübe schneiden, bei d’Miel ginn a mat den Hänn soulaang verreiwe bis keng Klompe méi do sinn. D’Ee, d’Waasser an d’Salz dobäi ginn, mat enger Forschette vermëschen, an da mat den Hänn zu engem Deeg knieden.
 
Den Deeg an en Disk formen, an Frischhaltefolie awéckelen an 2 Stonnen an de Frigo stellen.
 
No 2 Stonnen de Schäffchen op 180°C "Umluft" erhëtzen.
 
D’Porrett uewen wou dat Donkelgréngt ufänkt ofschneiden, an ënnen d’Wuerzelen ofschneiden. Längsweis an zwee schneiden, dann an Scheiwe schneiden. An eng Seibecke ginn a gutt wäschen.
 
De Botter an enger Pan schmëlzen an d’Porrett mat enger Pouz Salz 4 Minutte laang ubrode bis se mëll ass. Op d’Säit stellen.
En 30cm Quiche-form afetten. Den Deeg auspaken an op eng gemielten Arbechtsfäch leeën. Mat enger Bakrull ausrullen, sou dass den Deeg e bëssi méi grouss ass wei d’Quicheform. Den Deeg an d’Form leeën, undrécken an dat wat iwwerhänkt ofschneiden.
 
Den Deeg mat enger Forschette e puer mol apicken, da mat dem Moschter besträichen. D’Porretten driwwer verdeelen.
 
Fir de Flan de Kachkéis an enger Kasseroll liicht erhëtzen (oder an der Mikrowell erhëtzen) bis en ufänkt e bëssi méi leefeg ze ginn. An enger Schossel d’Eeër opschloen a mat der Ram verréieren. De Kachkéis bei d’Eermeschung schëdden a gutt vermëschen. En véierel Kaffisläffel Salz derbäiginn a mat Peffer wierzen an de Flan dann iwwert d’Quiche schëdden.
 
Mat gerapptem Kéis bestreeën an d’Quiche eng 40 Minutten am Schäffchen baken.
 
Mat enger grénger Zalot zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun