Ee gudden Dessert fir déi ganz schneekeg.

Mécht fir 8 Brownien

170g schwaarze Schockela
125g Botter
220g Zocker
1 Iessläffel Vanillszocker
2 Eeër
eng Pouz Salz
85g Miel
80g wäisse Schockela
125g Hammbier
 
De Schäffchen op 180°C virhëtzen.
 
De schwaarze Schockela a Stécker briechen a mam Botter zesummen an enger Kasserolle schmëlzen.
 
Den Zocker, Vanillszocker, Eeër mat enger Pouz Salz an eng Schossel ginn a mixen bis d’Mëschung blatzeg gëtt. De Schockela derbäischëdden an ënnermëschen. D’Miel ënnerhiewen.
 
De wäisse Schockela a kleng Stécker schneiden an ënnert den Deeg hiewen.
 
Eng rechteckeg Bakform vun 18 x 24cm mat Bakpabeier beleeën an den Deeg dran verdeelen. D’Hammbier um Deeg verdeelen an de Brownie fir 35 Minutte baken – en ass nach mëll an der Mëtt wann en rauskënnt.
 
De Brownie komplett ofkille loossen éier en aus der Form geholl gëtt.
 
An 8 Stécker schneiden an zerwéieren.

Wat soll d'Anne als nächst kachen?

Dir hutt eng Iddi fir dem Anne seng Serie? Proposéiert dem Anne e Rezept oder sot him einfach wat Dir nach vun Ingredienten doheem hutt, d’Anne léisst sech gäer vun Iech inspiréieren.

Schreift dem Anne är Propositioun