Och wann et an enger ganzer Rei vu Gemenge verbueden ass, Freedefeier ze schéissen, ass dat awer net iwwerall hei zu Lëtzebuerg de Fall.

Dofir ass et gutt ze wëssen, op wat e soll oppassen, wann een en Hond huet. Et soll een owes op Silvester net ze spéit eng leschte Kéier mam Hond erausgoen. Am Beschte sollt ee mat ëm an den eegene Gaart goen oder no bei der Wunneng bleiwen, esou d’Tanja Forette vu Sichhënn.lu. Den A an O ass, den Hond gutt ze sécheren. Ëm sou méi wichteg ass dat bei den Angschthënn.

Et soll ee mat sengem Hond nëmmen an der Léngt spadséiere goen, ausser e follegt ëmmer wann een e rifft. Op Silvester an och Neijoerschdag kann et awer ëmmer mol onerwaart knuppen, och daagsiwwer, an dowéinst soll e virbereet sinn an den Hond déi Zäit ni fräi lafe loossen. Do soll een dann och op en Broschtgeschier zeréckgräifen, wat dem Hond gutt sëtzt. E soll sech et net iwwer de Kapp zéien an da fortlafen kënnen. Dëse Risiko besteet awer bei engem normalen Halsband.

Wann en dann och nach panikéiert, da kéint den Hond sech verletzen. Fir Angschthënn gëtt et en speziellt Sécherheetsgeschier, wou et fir mëttelgrouss bis grouss Hënn och e Gurt gëtt, deen de Mënsch sech zousätzlech ëm de Bauch strécke kann. Doduerch ass den Hond da mat enger zweeter Léngt ugestréckt. Dëst ass dann eng duebel Sécherheet, falls d’Léngt engem aus dem Grapp géing falen.

RTL

© sichhenn.lu

Et ginn e puer kleng Tricker, déi hëllefen, dem Hond et op Silvester sou agreabel wéi méiglech ze maachen. Den Hond am Virfeld kierperlech an och geeschteg ze beschäftegen, wär schonn en éischte Schrëtt, esou d’Tanja Forette weider. Da kann een och d’Rolllueden owes zou maachen an eventuell Musek umaachen. Wann den Hond eppes ze knae kritt, dann ass hien domadder och e bëssen ofgelenkt. Et ginn och Hënn, déi sech da gären doheem an enger extra fir hien ageriichtener Hiel, engem Kuscheleck, verstoppen. Och wann een op natierlech Mëttel zréckgräife kann fir en Hond ze berouegen, wéi e Pheromonspray, ass awer kloer ofzeroden, him e Medikament ze ginn, erkläert d’Tanja Forette. Dat berouegt de Kierper awer net de Geescht. Wann en Hond duerch d’Knupperte fäert a Schutz bei sengem Mënsch sicht, da kënnt et op déi richteg Reaktioun un: et soll een en dann net fortschécken an och net iwwerméisseg bematleeden. Am anere Fall verstäerkt e soss seng Angscht. Kritt een esou de Mupp net berouegt, da kann et hëllefen an e Raum vun der Wunneng ze goen, wou een de Kaméidi manner héiert.

D’Asbl Sichhënn.lu huet sech op Mënschen- an Déieresich spezialiséiert. Dem Tanja Forette ass et wichteg, de Message ze vermëttelen, datt een d’Situatioun op Silvester op kee Fall soll ënnerschätzen an datt e säin Hond gutt séchere soll. Am Virfeld kann een och eng Gerochsprouf vu sengem Hond uleeën. Wéi dat gemaach gëtt, beschreiwe si an engem Video op hirer Internetsäit. Wann dann de Mupp sech op Silvester awer aus dem Stëbs sollt maachen, hëlleft dëst en erëmzefannen.