De Martin Rütter ass net nëmmen Hondstrainer, hien ass och Entertainer, Animateur an Auteur.

Schonn als Kand huet de Martin Rütter sech gutt mat Hënn verstanen. Hie selwer huet keen Hond däerfe kréien. Hien ass awer mat den Hënn vun den Nopere spadséiere gaangen. Deemools huet et hie schonn immens interesséiert fir ze verstoen, firwat esou vill Leit Problemer mat hiren Hënn hunn. E Beispill war seng eegen Tatta: Si huet an den 80er Joren Hënn bei sech an d’Fleeg geholl. No puer Woche waren se esou opgedréint, datt ee gefaart huet, fir an d’Haus eranzegoen, esou den Hondstrainer. Am Ufank wollt hien eigentlech Sportjournalist ginn a wéi hien op der Uni war ass hien niewelaanscht, fir sech e bësse Geld ze verdéngen, mat Hënn spadséiere gaangen. Hien huet do säin theoretescht Wëssen, aus ongeféier zweehonnert Bicher iwwer Hënn, an d’Praxis ëmgesat. Esou am véierte Semester huet de Martin Rütter mat sengem Studium opgehalen an huet eng Hondsschoul opgemaach. Fir seng Eltere war dat am Ufank kee schéine Moment, esou de Martin Rütter weider.

RTL

© Klaus Grittner

Als Hondstrainer erlieft hie munch kuriéis respektiv schwiereg Fäll. Do fält him eng Situatioun an, wou e Mann dräi Joer laang op der Couche huet misse schlofen, well den Hond hien net méi bei seng Fra an d’Schlofkummer gelooss huet. D’Schwieregkeet bei dësem Fall war fir der Fra bewosst ze maachen, datt et un hirem Verhale louch an net um Hond. An dat ass et jo meeschtens: Bei Problemer mam Hond ass et um Mënsch, säi Verhalen a seng Astellungen z’iwwerdenken an z’änneren.

Et gi puer grouss Feeler, déi de Mënsch an der Bezéiung mam Hond mécht, erkläert den Entertainer weider. Den éischten ass deen, datt den Hond ze vill “vermënschlecht” gëtt. An deem Fall riskéiert de Mënsch eppes vu sengem Hond z’erwaarden, wat deen net erfëlle kann. Da brauch en Hond ganz kloer Reegelen, un déi e sech konsequent hale soll. Wann den Hond sonndes beim Kaffi e Bréitche mat Liewerwurscht kritt, an déi aner Deeg net, veronséchert dat den Hond an hie kann dat och net verstoen. Duerch Konsequenz ka sech Vertrauen tëscht Mënsch an Déier opbauen an den Hond léiert och esou, sech a schwierege Situatiounen op säi Meeschter ze verloossen. E weidere wichtege Punkt ass, datt den Hond kierperlech an och geeschteg ausgelaascht soll ginn, wat awer net ëmmer de Fall ass.

RTL

© Klaus Grittner

Am Allgemenge fält op, datt de Mënsch de Mupp dacks falsch versteet. E Beispill fir des Mëssverständnesser an der Kommunikatioun ass, wann den Hond een uspréngt, wann een heem kënnt. De Mënsch geet dann dovunner aus, datt den Hond sech freet, datt een erëm do ass. Deem ass awer meeschtens net esou: Den Hond versicht dem Meeschter bäizebréngen, datt hien en déi nächste Kéier mat eraus soll huelen. Wann de Mupp mam Schwanz wackelt, da kann dat verschidden Ursaachen hunn. Meeschtens kann een dat als Freed interpretéieren. Dobäi kënnt et och op d’Kierperhaltung vum Hond un: Wann de Rescht vum Kierper roueg ass, de Kapp liicht gebéckt ass an en de Mënsch fixéiert, dann ass d’Bedeitung déi, datt den Hond opgereegt ass, éier hien een ugräift.

Op d’Fro, ob den Hond a säi Meeschter sech lues a lues ëmmer méi gläichen, mengt de Martin Rütter, datt et bei deenen zwee mat der Zäit heiansdo Parallelle ginn, wat de Charakter betrëfft. Hien huet d’Beispill gi vu sengem Hond Mina. An der Zäit huet hie gesot, datt den Hond ëmmer méi intelligent ginn ass, wat e méi al ginn ass. Seng Kanner hunn him awer dorop geäntwert, datt den Hond ëmmer méi verfroosse ginn ass.

Dem Hondsprofi säin aktuelle Projet si seng Webinarer: www.martinruetter.com/webinar