D'Krokodil ass als Zoo-Déier vum Joer gewielt ginn, fir op déi Manéier Projete fir den Erhalt vu Kuba-, Siam- a Philippinnen-Krokodillen z'ënnerstëtzen.

Dat huet déi zoologesch Gesellschaft fir Aarten- a Populatiounsschutz (ZGAP) en Donneschdeg matgedeelt. "Krokodille sinn net just Poschen, déi schwamme kënnen", sou de representative GZAP-Chef Sven Hammer. "Ouni akut Schutzmoossname wäerten e puer Krokodille komplett vun eisem Planéit verschwannen."

Krokodille liewe schonn zanter 200 Millioune Joren op der Äerd an hu sech hire Liewensraum mat den Dinosaurier gedeelt. Datt de Mënsch ëmmer méi an hirem Liewensraum present ass, ass e Problem. Krokodille ginn als Gefor fir d'Liewe vum Mënsch an hiren Hausdéiere gesinn. Donieft gëtt hir Haut an och Kierperdeeler fir de Konsum an de Gebrauch vu Moudesaachen a Parfum benotzt. Vill Krokodille ginn dowéinst ëmbruecht, e puer Aarten si scho menacéiert.

Mëttlerweil géife 6 Krokodil-Aarte virum Ausstierwe stoen. Dobäi hunn d'Reptilie wichteg Funktiounen an eisem Ökosystem: Si friessen Aas a botzen esou d'Gewässer a Uferen, si joe krank a schwaach Déieren a reguléieren d'Bestänn vu raiberesche Fëschaarten.