
© AFP
Dass en Numm duergeet, fir richteg Geld ze maachen, huet en Déier aus Groussbritannien gewisen.
D'Posh Spice, déi de Spëtznumm vun der Spice-Girls-Sängerin Victoria Beckham krut, huet en neie Weltrekord op d'Bee gestallt. Wéi d'British Limousin Cattle Society schreift, wier d'Kou leschte Freideg fir e stolze Präis vu bal 300.000 Euro versteet ginn.
Nieft dem Numm konnt dat 1 Joer aalt Déier och mat hirer Intelligenz an hirer Eleganz punkten.
Hirem Numm all Éier gemaach hat och hir Mamm Milbrook Gingerspice, déi nom Geri Halliwell benannt gouf.
Am meeschte gelies