Hunn d'Véierbeener zu Seoul Symptomer wéi Houscht, Féiwer oder Otemproblemer, ka vun elo un e Corona-Test bei hinnen duerchgefouert ginn.

Dëse Programm gouf e Méindeg lancéiert, nodeems virun e puer Wochen den éischte Covid-Fall bei enger Kaz am Land detektéiert gouf.

Eng weider Bedéngung ass, dass d'Hausdéier muss Kontakt mat enger Persoun gehat hunn, déi sech mam Coronavirus infizéiert hat a positiv getest gouf.

Fält den Test beim Hond oder der Kaz positiv ass, muss d'Déier Doheem fir 14 Deeg an Isolatioun. Gëtt de Meeschter positiv getest, mussen d'Véierbeener an eng spezialiséiert Betreiungsstruktur fir e gewëssen Zäitraum.

Uechter d'Welt hu sech schonn eng Abberzuel Déieren ugestach, vu Léiwen a Gorillaen am Zoo bis zu klasseschen Hausdéieren.