Et ass gewosst, dass Muppe genau dorobber oppassen, wat hire Besëtzer mécht a wou en hikuckt.

Dass hinnen d'Spille mat aneren Hënn méi Spaass mécht, wann hire beschte Frënd op 2 Been dobäi nokuckt, ass awer nei. Eng Etüd doriwwer gouf an der jéngster Oplag vun der Zäitschrëft "Animal Cognition" verëffentlecht.

10 Hondskoppele goufen am Kader vun dëser Studie erausgesicht. Wärend 6 Méint hu si mateneen ënnert engem Daach gelieft an op d'mannst 1 Mol den Dag duerfte si matenee spillen. Op Video gouf festgehalen, wéi si ugangs a Presenz vum Meeschter matenee gerolzt hunn, ouni dass hie si bekuckt huet. Duerno gouf gefilmt, wéi hien hinne wärend dem Spille Komplimenter gemaach a si geheemelt huet.

An tatsächlech: D'Verhale vum Mënsch huet sech positiv op d'Véierbeener ausgewierkt. Fuerscher ginn dovunner aus, dass si d'Reaktioun vun hirem Besëtzer als Belounung betruechten. Änlech wier et bei klenge Kanner: Och si wëlle bewonnert ginn, wa si eppes Neies dobäigeléiert hunn.

Donieft vertrieden d'Wëssenschaftler d'Meenung, dass et duerchaus méiglech ass, dass d'Hënn sech a Presenz vum Mënsch méi sécher spiere beim Spillen.