Hei zu Lëtzebuerg gëtt et keng Bluttbank fir Déieren, dofir muss am Noutfall direkt e Spender fonnt ginn.

D’Grënn, firwat eng Blutttransfusioun beim Hond oder der Kaz néideg ass, ginn et der méi. Zemools bei engem gréissere Bluttverloscht, sief dat no engem Accident oder enger schwéierer Operatioun. Dat kann awer och bei Vergëftunge mat Rategëft, bei enger chronescher oder infektiéiser Krankheet de Fall sinn. Engem säin Hausdéier muss an éischter Linn gesond sinn, d’Impfunge musse reegelméisseg gemaach gi sinn an et muss och ëmmer entwuermt gi sinn. En Openthalt am Süden, wéi am Mëttelmierraum, a Südfrankräich, an der Tierkei oder an Nordafrika ass e Grond, fir datt den Hond oder d’Kaz net däerf Blutt spenden. Eng Kaz muss méi wéi 4 Kilo op d’Wo bréngen an tëschent 1 an 10 Joer al sinn. En Hond dogéint soll tëschent 1 an 8 Joer hunn a muss iwwert 25 Kilo weien. E Spender däerf selwer nach keng Blutttransfusioun kritt hunn.

Virum Bluttspende gëtt Déier grëndlech ënnersicht, ob et och gesond ass. Mat enger Bluttanalys gëtt e komplette Bilan gemaach, fir auszeschléissen, datt et eng infektiéis Krankheet huet an och fir seng Bluttgrupp ze bestëmmen, esou d’Veterinärin Véronique Weber. Bei den Hënn zum Beispill gëtt op d’Bluttgrupp DEA 1.1 getest. E Mupp, deen DEA 1.1 negativ ass, eegent sech am beschten. Déi Muppen, déi DEA 1.1 positiv sinn, komme fir bestëmmten Empfänger a Fro. Ob bei der Bluttspend selwer de Spender eng kleng Berouegungssprëtz kritt, hänkt vu sengem Temperament of. D’Blutt gëtt meeschtens um Hals geholl an dofir gëtt dann do d’Haut raséiert an desinfizéiert. Nodeems d’Buttspend fäerdeg ass, kritt Déier eppes ze friessen an et soll och de Rescht vum Dag raschten. En Déier huet dat erëm séier ausgeglach.

D’Janine Kasper wollt datt hiren Hond, en Rhodesian Ridgeback, aneren Hënn kéint hëllefen. Si selwer ass Assistentin an enger Déiereklinik an huet doduerch scho vill Situatiounen erlieft, wou nëmmen nach eng Blutttransfusioun engem Déier d’Liewe konnt retten. Hire Mupp, d’Luna, kritt dëst Joer 4 Joer a mat engem Gewiicht vun ongeféier 40 Kilo huet en all d’Krittären erfëllt, fir kënne Spender ze sinn. D’Luna huet dat bis elo schonn zwee Mol ouni Problemer gemaach. Den Dag selwer huet dem Luna seng Proprietärin opgepasst, datt e keng gréisser Ustrengung gemaach huet. Si géing d’Luna ëmmer erëm Blutt spende loossen, esou d’Janine Kasper.

RTL

© Janine Kasper

An der Déiereklinik zu Beetebuerg hu si eng Datebank, wou ee säin Déier kann androen, fir Blutt ze spenden, erkläert d’Veterinärin Véronique Weber. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et keng Bluttbank. Dat läit dorunner, datt d’Blutt sech net laang genuch hält an d’Zuel vun den Transfusiounen net héich genuch ass. Bis elo hu si an der Déiereklinik ëmmer e Bluttspender fonnt. Trotzdeem hofft d’Veterinärin, datt d’Lëscht vun de méigleche Spender méi grouss gëtt. D’Bluttanalys an déi klinesch Ënnersichung si gratis fir de Spender. Bei Froe kann ee sech un d'Déiereklinik oder säi Veterinär adresséieren.