Manner Leit, manner Autoen, zoue Restauranten a Caféen. An der Stad Lëtzebuerg ass et zanter der Coronakris méi roueg ginn.

Och elo gëllt e Couvre-Feu ab 23 Auer. Déi meescht Déiere géifen hiert Verhalen de Situatiounen upassen, wa manner Leit an der Stad do sinn, kéinte si dat duerchaus mierken. Wéi si genee reagéieren, ass den Ament awer nach net erfuerscht.

Et ginn awer elo Etüde gemaach, fir genee dat ze ënnersichen an zwar andeems ee vun deenen Déiere profitéiert, déi souwisou schonn en Sender unhu fir aner Fuerschungen.

Allgemeng liewe souwisou déi Déieren an der Stad, déi sech gutt upasse kënnen. Déiere brauchen eppes ze friessen, Plaz fir sech ze verstoppen an hir Kleng grousszezéien. Zorte wéi de Fuuss, de Marder, de Wäschbier oder vill Vullenzorte kréie sech besser un de Mënsch an den neie Liewensraum ugepasst.

Dacks gëtt vu Kulturfolger geschwat, dat kéint awer den Androck ginn, dass Déieren dem Mënsch nogaange sinn. De Géigendeel ass awer de Fall, d'Déiere ware schonn ëmmer do an déi eng konnte sech einfach un déi nei Landschaft gewinnen, anerer sinn hirer Wee gaangen.

An enger Etüd gouf zum Beispill bewisen, dass déi Déieren, déi an der Stad liewen, genetesch gesi schonn näischt méi mat deene vum Land ze dinn hunn. Dat si ganz eege Populatiounen. Dat beweist zum Beispill eng Etüd, déi de Lëtzebuerger Biolog Dr. Alain Frantz zu Berlin mat Wëllschwäin a Fiiss duerchgefouert huet.

Berlin ass zwar net Lëtzebuerg, dobäi kënnt, dass iwwert Joren eng wuertwiertlech Mauer ronderëm d'Stad war. Trotzdeem kéint een awer dovunner ausgoen, dass et zu Lëtzebuerg änlech ass. Eng Etüd iwwer Steemarder zu Diddeleng a Beetebuerg weist änlech Resultater. D'Déieren aus den Uertschafte vermësche sech net mat deenen aus der Stad.

An der Berliner Etüd gouf och zréckbehalen, dass vill méi héich Densitéite vun den eenzelen Déieren an der Stad kéinte sinn. Dat heescht méi Déieren op manner Raum.

Am urbane Raum geet et hinne gutt, grad wann Kazefudder bausse steet, Poubellen accessibel sinn, da fannen d'Déiere genuch Iessen. An der Stad ginn et och Parken, Fielsen, Beem an 20 Prozent vum Terrain si Bëscher. Trotzdeem wär eng Stad net d'Rettung vun der Biodiversitéit. Déi eng Zorte bléien zwar op, anerer fënnt een awer guer net do.

Et gëtt et eng Déierenzort, déi aus dem Stadbild bal net ewechzedenken ass. D'Staddauf ass streng geholl kee richtegt wëllt Déier, mee e verwëldert Hausdéier.

D'Dauf brauch de Mënsch fir ze iwwerliewen. Si friessen zum Beispill dacks Iessensreschter. Ouni Mënschen a mat zoue Restaurante bleift awer keng Grimmel iwwreg fir d'Dauf.

Am Prinzip ass et verbueden, si an der Stad ze fidderen. Si ginn extra a speziellen Dauweschléi gefiddert, do ginn d'Eeër dann ausgetosch fir d'Populatioun ze limitéieren. Si bréien nämlech doduerch, dass si ursprénglech als Notzdéier geziicht goufen, bal dat ganz Joer iwwer. Dofir ginn et der och sou vill.

Och an anere gréissere Stied konnt een observéieren, dass d'Staddauwen deelweis erhéngeren doduerch, dass an der Stad manner lass ass.