Iwwer 900 Kazen hu si schonn opgeholl a gefleegt, fir se duerno ze vermëttelen.

Als Éischt ware si eng Fleegefamill fir en Déierenasyl, duerno hu si 2012 d’ASBL Minimiez gegrënnt, esou Denise Hengel. Ouni des Hëllef hätten dës kleng Kazen duerch d'Geforen, déi dobaussen op si laueren, keng Chance, an der Natur z'iwwerliewen. Et ginn och vill Kazebëbeeën, déi krank sinn. Si hunn entweder de Kazeschnapp, de Kazenaids, d’Kazeleukose oder de Kazentyphus. Net nëmmen an deem Fall brauche si vill Fleeg, mee och, wa si nach ganz kleng sinn. Fläschekanner brauchen dann och all 2 Stonnen hire Biberon. D’Benevolle vu Minimiez versiche mat all hirer Energie a Léift, déi krank Muussen erëm gesond ze kréien, mee leider mécht d’Natur hinnen do ëmmer mol erëm e Stréch duerch d’Rechnung. An esou Situatiounen ass vill Kraaft gefuerdert, fir trotzdeem weider ze maachen.

Mat ongeféier 2 bis 3 Méint ginn Kazebëbeeë fir eng éischte Kéier geimpft, e Mount drop da fir d’zweet. Entwuermt gi si och all Mount. Wa se vermëttelt ginn, dann am beschten ëmmer zu zwee. Dëst hëlleft bei der Entwécklung vun hirem Sozialverhalen an et fält hinnen dann och méi liicht, fir sech an der neier Famill anzeliewen. Kazen, déi 6 Méint hunn, oder Kazemamme gi fir d’éischt kastréiert, éier se vermëttelt ginn. Domadder wëll Minimiez evitéieren, datt weider esou vill kleng Kazen op d’Welt kommen. Bei enger Adoptioun vu Kaze gëtt ëmmer e Schutzkontrakt ausgestallt an och eng Tax gefrot, fir Fraisen ze decken. D’Benevolle vun der Asbl sinn och ganz engagéiert, fir mat selwergemaachen Artikele Suen ze sammelen. Si bitzen, strécken, kache Gebeess a villes méi. De Gewënn gëtt integral gebraucht, fir de Veterinär a Fudder ze bezuelen. Minimiez ass niewent Patenschaften, Donen, och op seriö Fleegefamillen ugewisen. Esou eng Fleegefamill soll ëmmer e separate Raum hunn, wou déi kleng Muusse kënne gefleegt ginn. Si solle vun den eegenen Déiere getrennt sinn, fir z’evitéieren, datt se déi am Fall vun enger Krankheet ustiechen.

Wann een dobausse kleng Kaze fënnt, da soll een sech als Éischt vergewësseren, datt keng Mamm do ass, déi sech ëm se këmmert, esou d’Denise Hengel weider. Wann no enger Zäit keng Mamm optaucht, da soll een Kazebëbeeën eranhuelen. Et däerf een hinnen op kee Fall Koumëllech ginn. Si riskéiere soss Duerchfall ze kréien an dëst kéint da fatal Konsequenzen hunn. Hëllef kritt ee bei den Déiereschutzorganisatiounen. E Beispill vun enger Kaz, déi zesumme mat hire ganz klenge Bëbeeë vu Minimiez gerett ginn ass, ass d’Leila. Déi Kazemamm hat hir Bëbeeën awer ganz ignoréiert. Et huet sech duerno erausgestallt, datt si net déi néideg Rou hat, fir sech ëm déi Kleng ze këmmeren. Wéi Minimiez d’Leila bis bei sech opgeholl hat, ass si eng wonnerbar Kazemamm ginn. Dem Leila seng Kleng hunn d’Nimm Mikado, Max a Moritz kritt. 8 Wochen hat de Mini-Chucky, wéi hien an engem Rouer op 8 Meter Déift festhoung. 3 Stonnen hat et gedauert, bis d’Pompjeeën hie konnte befreien, well si hunn alles missen oprappen. De Klengen huet wärend dëser Rettungsaktioun vun Honger an Angscht gekrasch an duerno ass hien direkt op en Heizkësse komm. Bei all Kaz, déi Minimiez rette kann, gëtt et dem Denise Hengel waarm ëm d’Häerz. Et ass einfach schéin ze gesinn, wann Kazebëbeeën herno matenee spillen, rolzen a sech géigesäiteg wäschen.