No enger Rettungsaktioun virun 2 Deeg sinn nees eng Partie Déieren op der Landzong Farewell Spit stieche bliwwen.

Dës 28 Grindwale gehéieren zu engem Grupp vu ronn 50 Stéck, déi schonn e Méindeg Schwieregkeeten haten, de Wee an d'Mier zeréckzefannen. Déiereschützer hunn eng 40 Wale missen an d'Waasser drécken.

En Dënschdeg de Moien hunn d'Déierefrënn op en Neits missen intervenéieren. Bal 30 Déiere goufen nees u Land fonnt.

Bannent de leschte 15 Joer koum et zu Farewell Spit, nordwestlech vun Nelson, ëmmer nees zu esou Virfäll. Am Februar 2017 si bal 700 Walen u Land stieche bliwwen, eng 250 hunn net iwwerlieft.

Wisou et op der Landzong ëmmer nees zu déidleche Virfäll kënnt, ass bis ewell nach onkloer. Wëssenschaftler ginn dovunner aus, dass de Biosonar vun den Déieren eventuell kéint gestéiert ginn, well d'Waasser net déif genuch op där Plaz ass.