2016 huet sech dat australescht Schof vu senger Häerd getrennt. 5 Joer méi spéit gouf et erëmfonnt. A ganz schlechtem Zoustand.

Net nëmme war de Baarack ënnererniert, säi Woll-Mantel hätt him kënnen d'Liewe kaschten. Hien ass nämlech mat ganzer 35 Kilo um Réck ronderëm gelaf.

Eng Persoun hat hien am Bësch gesinn an direkt Hëllef geruff. Edgar's Mission Farm Sanctuary, eng Opfaangstatioun nërdlech vu Melbourne, huet hie gerett.

Mëttlerweil ass d'Schof um Wee vun der Besserung a ka sech nees ouni gréisser Méi fräi beweegen. E Schicksal, dat Mënschen aus der ganzer Welt beréiert huet. Per Video gouf déi ganz Rettungsaktioun festgehalen an ass mëttlerweil zum Hit op TikTok ginn. Iwwer 18,5 Millioune Mol gouf de Video gekuckt.

Trotz e puer Dose Kilo Woll huet de Baarack keen neie Weltrekord opgestallt. Deen ass 2015 un de Chris gaange mat 41 Kilo.

@edgarsmission

Meet Baarack - this poor boy arrived yesterday, having been on the run bush land for years! 🐑❤️ ##transformation ##kindness ##farmsanctuary

♬ Hold On - Chord Overstreet