De Benji ass um Wee, en Therapiebegleethond ze ginn. Op der Palliativstatioun an der Eecher Klinick mécht hien de Patiente vill Freed.

De Benji, e jonke Ritt vun 19 Méint, ass net nëmmen e ganz léiwe Familljemupp, hien ass och matten an der Formatioun, fir en Therapiebegleethond ze ginn.

Virop gëtt hien op der Palliativ-Statioun an der Eecher Klinick am 2-Wochentakt op dës Aufgab lues a lues virbereet.

Am Reportage begleede mir hien op seng Aarbecht, wou hien d'Ekipp vun de Soignanten ënnerstëtzt an dat zesumme mat sengem Muppepapp, dem Jorge Dos Santos, deen Infirmier ass.

Ënnerstëtzt vun 2 Formateure wuessen de Jorge an de Benji esou als Team zesummen, fir bei a mat de Patienten ze schaffen. Déi freeë sech ëmmer op dëse spezielle Besuch.

Wéi genee de Virreiderprojet enstanen ass, wéi den Hond an de Meeschter dofir trainéiert ginn an e Bléck an dem jonke Labradoodle säin Alldag doheem bei der Famill, dat gesitt Dir am Reportage.