Wéi d'Zeitung "Sun" mellt, si virun e puer Wochen zwee Corgi-Welpen an d'Schlass Windsor geplënnert, wou d'Queen zanter dem Ufank vun der Pandemie lieft.

Am Moment muss sech d'Kinnigin Elisabeth II. vill Suergen ëm hire Mann, de Prënz Philip maachen. Ierger huet si nawell och wéint hirem Enkel, dem Prënz Harry. Et ass deemno de richtege Moment, sech mat zwee neie Véierbeener e bëssen Trouscht ze sichen.

Déi kleng Muppe solle voller Energie stiechen an nawell vill Kaméidi maachen. Si halen d'Kinnigin deemno op Trapp, wärend de Prënz Philip an der Klinick läit.

Zanter hirem 18. Gebuertsdag am Joer 1944 gehéiere Corgis zur fester Gesellschaft vun der Queen. Déi nei Déiere waren e Kaddo a sinn och déi éischt Corgis, déi keng Nokomme vum Susan sinn. Dem Susan säi leschten Nokomme Willow war am Joer 2018 gestuerwen.

Prënz Phiip a Londoner Privatklinick verluecht

Iwwerdeems koum d'Noriicht, dass den 99 Joer ale Prënz Philip no senger Häerz-Operatioun elo nees zeréck an eng Londoner Privatklinick verluecht ginn ass. Do wäert hie sech elo nach e puer Deeg weider vun dësem Agrëff erhuelen.