Net schlecht gestaunt hu Flughafe-Mataarbechter op de Galápagos-Insele bei enger Routinekontroll.

Net manner wéi 185 Deckelsmouke wollt eng Persoun an enger Wallis op d'ecuadorianescht Festland schmuggelen. Den Ëmweltminister Marcelo Mata huet dat Ganzt als "Verbrieche géint d'Wëlldéier- an Naturierwe vun den Ecuadorianer" bezeechent.

Wéinst hirer eenzegaarteger Déieren- a Planzewelt gehéieren d'Vulkaninselen 1.000 Kilometer westlech vun Ecuador säit 1979 zum Unesco-Weltnaturierwen. D'Haaptattraktioun sinn d'Galápagos-Riseschildkröten, déi, sou gëtt ugeholl, zanter 3 bis 4 Millioune Joren do liewen.

Déierschmuggler kënnen op de Galápagos-Insele mat Prisongsstrofen tëscht 1 an 3 Joer rechnen.