Déiereschützer hunn an de leschte 25 Joer alles dru gesat, dass de grousse bronge Bier an dëser Géigend erëm heemesch gëtt. Domat hate si Succès.

An den 90er Jore war de Brongbier an de franséische Pyrenäen laanscht d'Grenz vu Spuenien praktesch ausgestuerwen. Déiereschützer hunn awer an de leschte Joren vill dofir gemaach, dass déi grouss Pelzdéiere sech erëm do usidelen. Dat schéngt dann och elo ze klappen. Bannent engem Joer ass d'Zuel un Déieren vun 58 op 64 geklommen. Deemno goufen d'lescht Joer 9 Biere gebuer, wat e Rekord ass.

Am fréien 20. Joerhonnert gouf et nach ronn 150 Brongbieren an de franséische Pyrenäen. Jeeër a Baueren hunn dunn awer a sou engem Mooss agegraff, dass de Bestand bis 1995 op 10 Déieren erofgaangen ass. Dat Joer drop huet Frankräich domat ugefaangen, de Bier erëm unzesidelen. Zanterhier ass d'Zuel no an no an d'Luucht gaangen. Fir de Bestand u Bieren ze sécheren, sinn den Déiereschützer no 50 erwuessen, gesond Déieren, déi fäeg sinn, sech ze reproduzéieren, néideg.

Ma net jiddweree freet sech iwwert de Retour vun dëse grousse Raubdéieren. D'Bauere ginn de Brongbieren d'Schold um Doud vun honnerte Schof a bekloen, datt d'Autoritéiten si net genuch entschiedege géifen. Zejoert eleng goufen 3 Bieren dout gemaach.