Virun allem ass Zäit, Gedold a Léift wichteg, fir Kazebëbeeën oder Hënn ze fleegen, déi en neit Doheem sichen.

Viru kuerzem hat de Labrador-Mix Sisu aus North Carolina an den USA op eng méi ongewéinlech Manéier en Happy End erlieft. Als Stroossemupp hat hie 5 Mol de selwechte Petzi geklaut an huet esou eng Adoptivfamill fonnt. D’Fleegefamillje versichen hiert Bescht ze maachen, datt hir Schützlingen en neit Doheem kréien an och esou hiert Gléck fannen.

Fleegefamill fir Hënn

D’Déierschutzorganisatioune brauche Fleegefamilljen, fir kënnen den Déieren ze hëllefen. Dëser Iwwerzeegung ass och d’Sandy Slongo. Si huet sech als Fleegefamill bei Amiavy uginn, fir de Muppen ze hëllefen, ob jonk oder al. Wann déi potentiell Adoptivfamilljen de Mupp kënne kenneléieren an net nëmmen op enger Foto gesinn, dann ass et méi einfach erauszefannen, ob de Mupp bei si passt a si bei d’Déier. E Gaart, wou den Hond net ausbrieche kann, ass och ganz wichteg fir eng Fleegefamill. Stroossemuppe versichen ëmmer fortzelafen, weess d’Sandy Slongo aus eegener Erfarung. Wann en neie Fleegemupp bei si kënnt, loosse si hie mol zur Rou kommen. Si schwätzen him schéin, loossen hien awer op si zoukommen. Bis elo huet dëst awer ni laang gedauert. Duerno kann en am Gaart een nom anere vun hiren eegenen Hënn kenneléieren. Gréisser Reiwereie sinn et bis elo nach keng ginn; si gi sech am Ufank aus de Féiss, bis den neie Mupp seng Plaz am Ruddel fonnt huet.

RTL

© Lexi/Sandy Slongo/Amiavy

Wéi laang den Hond bei hinne bleift, hänkt dovunner of, wéi séier si eng Adoptivfamill fir hie fannen. Dat ka variéiere vun e puer Deeg bis e puer Méint. Nodeems si eng Annonce geschalt hunn, melle sech dann och Famillen, déi sech fir de respektiven Hond interesséieren. Wa sech bei engem éischte Gespréich erausstellt, datt de Mupp bei déi respektiv Famill passt, kënne si sech kenneléieren. Op deem Wee léisst sech dann och dat richtegt Doheem fanne fir de respektive Mupp. Un 2 Hënn denkt d’Sandy Slongo nach dacks zréck: Dat eent ass d’Leyli, hiren alleréischte Fleegemupp. Hei handelt et sech ëm e Stroossemupp aus Portugal. Bei him huet et 4 Méint gedauert, bis si déi richteg Famill fonnt hunn, déi bei e passt. Dat anert ass e Genre Malinois, deen am Alter vun 10 Wochen hei am Land ausgesat gouf. Och d’Lexi lieft haut bei senger léiwer Adoptivfamill. All Kéiers, wann en Hond en neit Doheem fonnt huet, fält et engem net ganz einfach, e goen ze loossen. Et ass mat engem Ae verbonnen, wat kräischt, an eent, wat laacht, esou d’Sandy Slongo. Et hëlleft, datt si nach haut mat all den Adoptivfamillen a Kontakt sinn an och nach Fotoe vun hire Fleegemuppe geschéckt kréien. Esou gesi si ëmmer erëm, datt et hinne gutt geet.

Fleegefamill fir Kazen

Och esou munch Tréinen huet d’Nadja Burg gekrasch, wann erëm Kazebëbeeë glécklech konnte vermëttelt ginn. Si war scho laang fir den Déiereschutz aktiv, bis si sech decidéiert hat, Fleegefamill bei Minimiez ze ginn. Et ass wichteg, fir e separate Raum ze hunn, wou een déi kleng Musse getrennt vu sengen eegenen Hausdéiere kann halen. Esou kann evitéiert ginn, datt eventuell ustiechend Krankheeten op déi aner iwwerdroe ginn. Als Fleegefamill sollt een och mobil sinn, fir am Noutfall séier kënne bei den Veterinär ze fueren. D’Käschte fir de Veterinär, fir Fudder a fir déi néideg Ariichtung ginn, wéi an dësem Fall, vu Minimiez bezuelt. Et besteet och permanente Kontakt mat der zoustänneger Persoun fir d’Fleegefamillje vun der ASBL. D’Fleegefamillje versichen och déi richteg Adoptivfamill fir hir Schützlingen ze fannen. Déi Famillje ginn och gepréift a kréien déi néideg Informatioune mat op de Wee. Et ass e Gléck matzëerliewen, wann déi kleng Mazen opwuessen, esou d’Nadja Burg weider. Wann eng Kazemamm kuerz virun der Gebuert bei si kënnt, dann huet een als Fleegemamm och d’Chance, d’Wonner vun der Gebuert matzekréien. Eréischt, wa se déi éischt Impfung hannert sech hunn, kënne se déi potentiell Adoptivfamillje kenneléieren. Bei Minimiez ass et esou, datt ëmmer 2 Kaze beienee vermëttelt ginn. Wann et op béide Säite passt, gëtt dann e Schutzkontrakt ënnerschriwwen.

E Kueder, deen d’Nadja Burg net méi wäert vergiessen, ass de Milky. Wéi de Milky fonnt ginn ass, huet hie just 80 Gramm gewien a war warscheinlech eréischt op d’Welt komm. Seng Geschwëster haten net iwwerlieft a vun der Mamm war wäit a breet keng Spuer. De Milky hat Ënnergewiicht an huet missen direkt op e Wiermkësse geluecht ginn an eppes z’iesse kréien. Aus dem spezielle Biberon wollt hien awer net drénken an esou huet d’Nadja Burg all eenzel Drëps mat enger klenger Sprëtz a seng Schnuff lafe gelooss. Si huet déi kleng Muuss och nuets op sech schlofe gelooss a si huet sech all annerhallef Stonn de Wecker gestallt, fir de Milky ze fidderen a säi Bauch ze masséieren. Déi éischt Deeg war net kloer, ob hie géing iwwerliewen. No enger bis zwou Woche war hien dunn iwwert de Bierg. Dag an Nuecht waren déi zwee zesummen, esou datt d’Nadja Burg fir d’Milky zu senger Mamm ginn ass. Mat 9 Wochen ass eng Bluttanalys gemaach ginn a wéi fest stoung, datt déi kleng Kaz gesond ass, ass se geimpft ginn. Et huet dunn och net laang gedauert an de Milky huet e klenge Kolleeg kritt. Vun deem Moment un huet de Milky seng Fleegemamm misse mam Schoki deelen. No puer Deeg waren déi 2 Kuederen awer schonn déi beschte Frënn. No kuerzer Zäit ass och déi richteg Famill fir déi zwee fonnt ginn an no der 2. Impfung si se du bei hir nei Famill wunne gaangen. Duerch déi enk Bindung tëscht dem Milky an dem Nadja Burg war dësen Äddi een, dee ganz besonnesch wéigedoen huet.

Ouni Fleegefamill hätt de Milky awer keng Iwwerliewenschance gehat. Ze wëssen, datt hir Fleegedéieren eng 2. Chance kritt hunn an engem schéinen Doheem, hëllefen dem Nadja Burg an dem Sandy Slongo, déi traureg Amenter vum Äddi-Soen ze verschaffen. Et bleiwen déi schéin Erënnerungen.