Zanter Kuerzem steet nämlech een "Highland"-Randbéischt méi op der Wiss laanscht d'Sauer.

Dës speziell Zort staamt ursprénglech aus Schottland. Wéinst hirem zottelege Fell gëlle si am Grand-Duché als Attraktioun fir Grouss a Kleng. Et ass duerchaus vu Virdeel, dass dës speziell Randbéischten an der Ieselsstad mat Iesele kënnen op der selwechter Fläch gehale ginn, ouni dass et zu Reiwereie kënnt.