Wéi huet sech en Hond vum President ze behuelen? Domat wäert sech de Schéiferhond Major déi nächst Wochen ausenanersetzen.

No engem Bäissvirfall an aggressivem Verhalen de Mënsche géintiwwer muss den Hond vum Joe Biden säin neit Doheem fir e puer Woche verloossen. Mat Hëllef vun engem speziellen Training soll hien un d'Liewen am Wäissen Haus gewinnt ginn, sou e Spriecher vum Jill Biden.

No der Amtsaféierung am Januar ass de Major duerch säi Behuelen e puer Mol negativ opgefall an huet fir e kuerzen Zäitraum missen zeréck a säi fréiert Doheem am Bundesstaat Delaware. Hien hat kuerz virdru Personal ugesprongen an ugebillt.

Vum President selwer hat et geheescht, dass de Major hien nëmme beschütze wëll. De Mupp géing nämlech erschrecken, wann am Wäissen Haus friem Leit ëm den Eck kommen, déi hien net kennt.

Zanter dësem Virfall muss de Schéiferhond e speziellen Training absolvéieren. Dëse soll elo ausserhalb vum Wäissen Haus intensivéiert ginn. Den Champ, den zweete First Dog, dierf dogéint un der Säit vun der Koppel bleiwen, huet d'First Lady annoncéiert. Dësen ass zanter 2008 e Familljemember vun der Famill Biden. De Major gouf 2018 aus engem Asyl adoptéiert.