Zanter 2010 konnt keen dem Darius säi Rekord briechen: Ganzer 1,29 Meter ass d'Déierche laang.

Op Twitter huet seng Besëtzerin Annette Edwards elo déi traureg Nouvelle matgedeelt, dass hiert Hausdéier als vermësst gëllt. Déi brittesch Police huet en Zeienopruff lancéiert. Eng Belounung vun 1.000 Pond gouf annoncéiert fir deejéinegen, deen hien nees zeréck bei seng Famill bréngt. Wéi et heescht, wier den Darius an der Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg aus sengem Käfeg am Gaart geklaut ginn.

Donieft huet d'Annette Edwards ënnerstrach, dass den Hues e spezielle Regime mécht an net alles iessen dierf. Bei falscher Ernierung besteet deemno de Risk, dass d'Déier stierft, sou déi 68 Joer al Fra dem "Daily Telegraph" géintiwwer.