Mat esou engem Verbuet kéint een der Weltgesondheetsorganisatioun no d'Ausbreedung vun neie Krankheete verhënneren.

Iwwer 70% vun den neien Infektiounskrankheete bei de Mënsche wieren nämlech op Déieren zeréckzeféieren, besonnesch wëll Déieren, heescht et en Dënschdeg vun der WHO zu Genf.

Zwar wieren déi traditionell Mäert, op deene lieweg Déiere gehalen, geschluecht an zoubereet ginn, wichteg fir d'Liewensmëttelversuergung an d'Liewensgrondlag vu grousse Bevëlkerungsgruppen, awer gläichzäiteg géing vun esou Mäert eng grouss Infektiounsgefor fir Mataarbechter a Clienten ausgoen, erkläert d'Weltgesondheetsorganisatioun. Experte gi jo dovunner aus, dass de Coronavirus méiglecherweis vu Flantermais iwwert en anert Déier op de Mënsch iwwerdroe gouf.

Zesumme mat der OIE (Weltorganisatioun fir d'Gesondheet vun den Déieren) an der Unep (UN-Ëmweltprogramm) fuerdert d'WHO eng "Noutfallmoossnam".