Wat motivéiert een, Veterinär fir grouss Déieren ze ginn a wéi gesäit den Alldag aus? Ënnert anerem dat wollte mir vum Sandrine Bordang gewuer ginn.

Am Mount Mäerz ass vill vum Herpes-Virus EHV-1 bei de Päerd geschwat ginn. Dobäi handelt et sech ëm e Virus, deen immens ustiechend ass an dee vu Päerd op Päerd a vu Mënsch op Päerd kann iwwerdroe ginn. Mëttlerweil huet sech déi Situatioun awer berouegt, esou d’Veterinärin fir Päerd, Sandrine Bordang. Relativ vill Päerd konnte geimpft ginn. Duerch déi aktuell sanitär Kris mussen d’Veterinäre jo d’Hygiènesmoossname weider anhalen. Doduerch reduzéiert sech de Risiko, de Virus op e Päerd z’iwwerdroen.

D’Sandrine Bordang ass scho vu Klengem u vu Päerd faszinéiert. Wéi dunn och nach hiert eegent Päerd e schwéieren Accident hat an den Déierendokter huet misse geruff ginn, huet si him bei senger Aarbecht genee nogekuckt a se bewonnert. Do stoung et fest, datt si dee Beruff wollt studéieren. Op der Uni zu Wien huet si Veterinärmedezin studéiert. Fir déi 2 lescht Joer huet si sech du fir eng Spezialisatioun missen decidéieren. Si wousst direkt, a wéi eng Richtung si wéilt goen. An deenen 2 Joer huet si moies an der Päerdsklinik geschafft a mëttes sinn déi Fäll dann theoretesch duerchgeholl ginn. Iert si sech hei zu Lëtzebuerg installéiert huet, huet si nach 1 Joer als Assistentin an der Päerdsklinik zu Baden-Baden geschafft. Do hat si eng Woch iwwert déi aner 24 Stonnen Déngscht, wou si dann och net vill ze schlofe kritt hat. Déi aner Woch hat si da fräi. Wéi bei all Selbstännegkeet war den Ufank net ganz einfach, wéi si hir Praxis op d’Been gestallt huet, esou d’Sandrine Bordang weider. De Beruff gefält hir immens gutt, schonn eleng duerch de Kontakt mat de Clienten. Et soll ee sech awer bewosst sinn, datt et schonn ustrengend ass. Et ass een de ganzen Dag ënnerwee an et schafft een déi meeschten Zäit just dobaussen an dat bei all Wieder, och am Wanter. Dobäi kënnt, datt een ëmmer muss erreechbar sinn.

Duerch modernt Equipement brauchen d’Päerd just nach fir Operatiounen, ausser Kastratiounen, an d’Klinik. Alles aneschters kann am Stall selwer duerchgefouert ginn; sief dat Röntgen, Ultraschall, Endoskopie oder Gastroskopie. De Beruff gëtt ni langweileg, esou d’Sandrine Bordang. Zu hiren deeglechen Aufgabe gehéieren Impfungen, Bluttanalysen, Allergietester, Houscht oder och Päerd, déi schlamm ginn. Ofhängeg vun dem Genre vun der Verletzung kritt d’Päerd dann eng Sprëtz an d’Gelenk oder eng Stammzellentherapie. Niewent Entzündunge vun den Aen, schlëmm Otemproblemer, Moproblemer, kréien d’Päerd och d’Zänn gemaach oder ginn osteopathesch behandelt. Zu den Urgencë gehéiere Kolliken, Verletzungen, akut Entzündungen um Houf oder och Komplikatioune bei de Gebuerten. Kënschtlech Befruchtunge mat Frëschsom, respektiv Gefréiersom ginn och duerchgefouert.

E Veterinär fir Päerd muss eng Stonn pro Client virgesinn. Wann een dat elo mat engem Veterinär fir déi kleng Déiere vergläicht, dee kann der 4 pro Stonn aplangen.