Et si Biller, déi een net all Dag ze gesi kritt, a grad dowéinst begeeschtere se Millioune vun TikTok-Notzer uechter d'Welt.

Wie kënnt se net: Biller, op deene Bëbee-Känguruen am Beidel vun hirer Mamm duerch d'Géigend gedroe ginn an dobäi ganz zefridden ausgesinn. E waarmen a kuschelegen Uert, fir sech zeréckzezéien. Ma wéi gesäit et bannen am Beidel iwwerhaapt aus? Eng Fro, op déi e privaten Zoo a Florida eng Äntwert ginn huet.

Ee vun hire Känguru-Weibercher huet et de Fleeger erlaabt, e Bléck an de Beidel ze werfen an dat a Biller festzehalen.

No 4 Méint an hirer Kannerstuff stiechen d'Bëbee-Känguruen eng éischte Kéier hire Kapp aus dem Beidel eraus. Da bleiwe se nach emol op d'mannst 4 Méint dran, bis se d'Welt dobaussen entdecke ginn.

Déi meeschte Kängurue liewen an Australien, Tasmanien an Neuguinea. Eleng um bloe Kontinent liewen tëscht 45-50 Milliounen där Déieren.