Giischtercher an der Provënz Colón sinn op e Véierbeener virun de Mauere vum Prisong opmierksam ginn, deen e klenge Beidel aus Stoff bei sech hat.

An deene war Kokain, Crack a Marihuana dra verstoppt. Et ass net déi éischte Kéier, dass Déieren als Schmuggler fir den Drogenhandel agesat ginn. Et ass och scho virkomm, dass Dauwe mat illegaler Fracht ënnerwee waren. Mëttlerweil gräife Prisonéier léiwer op modern Technik wéi Dronen zeréck, heescht et vum Parquet.

Dem horege Véierbeener aus Panama seng Karriär als Drogekuréier goung elo op en Enn. Déi rout-wäiss Kaz gouf nämlech an den Déierenasyl bruecht.