Jidderee kann dozou bäidroen, fir se ze schützen, datt se net nach weider ausstierwen.

Op Äppelbeem, Kiischtebeem, Äerdbiersplanzen, Kraider, dat sinn nëmmen e puer Beispiller, wat alles vun Insekte muss bestëbst ginn. 80 % vun de Liewensmëttelplanze sinn dorop ugewisen an dorunner sinn d’Beien zu 70 % bedeelegt.

D’Existenz vun de Beien ass also absolut noutwenneg fir de ganzen Ökosystem. Hei am Land zielen zu de geziichten Aarten Carnica a Bukfast, esou de Marcel Gengler vun der A.s.b.l. Eis Beien. Weltwäit si mëttlerweil 1.500 Aarte vu wëlle Beie bekannt. Et geet een dovunner aus, datt et der nach eng Kéier esou vill ginn.

D’Beie ginn dacks mat den Harespelen, respektiv de Runne verwiesselt an als bedreelech an aggressiv beschriwwen. Dës Eegenschaften zielen awer besonnesch fir déi asiatesch Runnen. Déi lokal Runne sinn total ongeféierlech fir de Mënsch, ausser wann een no hinne schléit. Geféierlech gëtt déi asiatesch Runn, wann een ze no un hiert Nascht erukënnt, präziséiert de Marcel Gengler. Si kënnen esou guer e Beievollek bannent kuerzer Zäit futti maachen. Schonn eleng duerch d’Gréisst kann een déi verschidden Insekte vuneneen ënnerscheeden. Eng Bei ka bis zu 2 Zentimeter laang ginn, eng lokal Runn bis zu 3,5 Zentimeter an déi asiatesch Runn bis zu 6 Zentimeter.

Op d’Fro wéi al d’Beie ginn, huet hien erkläert, datt et dovunner ofhänkt, ob et sech ëm d’Kinniginnen, déi männlech Beien also d’Dronen oder ëm d’Aarbechterinnen handelt. Eng Kinnigin gëtt aus dem Vollek geheit, wa si keng Eeër méi leet an dat ass am Prinzip no 4 Joer. D’Drone ginn no der "Sonnenwende" net méi gebraucht. Si ginn erhéngere gelooss a vun den Aarbechterinne virun de Stack geheit, wa se bis schwaach sinn. Summerbeie gi just bis zu 6 Wochen al an d’Wanterbeie liewen 3 bis 4 Méint. Fir hire Stack ëmmer erëmzefannen, mécht eng Bei als Éischt emol een Orientéierungsfluch. Dobäi flitt si ëmmer méi grouss Kreesser ronderëm hire Stack. Esou léiert si dann d’Ëmgéigend kennen. Fir erauszefannen, wéi eng Dageszäit et ass a fir d’Richtung ze definéieren, orientéieren d’Beie sech un der Sonn an un der polariséierter Luucht, déi vum Buedem aus geet.

Et gi méi Grënn, wisou d’Beien ausstierwen. Niewent der Ëmweltverschmotzung, dem Klimawandel, der industrieller Landwirtschaft, ginn et och Krankheeten, un deene si leiden. Hëllefräich wär en Ëmdenken bei eis Mënschen. Schonn eleng d’Iwwerdenke vum Konsumverhale géing de Beie scho vill bréngen, esou de Marcel Gengler weider. Beie-frëndlech Planzen, wéi e Lavendelstack, kann een a säi Gaart setzen. Deen ass séier gesat, brauch net vill Fleeg a kascht just e puer Euro. Beim Kaf vun enger Memberskaart bei der Beien A.s.b.l., ënnerstëtzt een déi Insekten och. Pro Memberskaart, déi verkaaft gëtt, ginn 10 Quadratmeter wëll Wiseblumme geséint.

Bei dëser Associatioun steet d’Wuel vun der Bei am Mëttelpunkt. Et ass och eng Ulafstell fir déi, déi als Hobby Beienziichter wëlle ginn. Do kréie se déi néideg Formatioun.