Wéini genau de Jan d'Liicht vun der Welt erbléckst hat, ass net gewosst. Sécher ass awer, dass hien 2021 ganzer 51 Joer al gëtt.

E gudde Grond, dëse Freideg ze feieren, well de Senior ass dat eelsten Zoo-Fauldéier weltwäit! Zanter 1986 lieft hien zu Krefeld an huet et och schonn an d'Guinessbuch vun de Rekorder gepackt.

Well de genaue Gebuertsdatum net bekannt ass, huet ee sech op den 30. Abrëll 1970 gëeenegt. De Jan ass nämlech a kengem Zoo op d'Welt komm a gouf mat ronn 6 Méint am Dezember 1970 an den Déierepark Hagenbeck bei Hamburg bruecht.

Eng gréisser Party gëtt allerdéngs net geschmass. Hien huet et léiwer roueg a genéisst säin Dag mat sengen Aartgenossen a guddem Iessen. Drauwen huet hie besonnesch gär.