Virun der Südküst vu Frankräich ass e jonke Growal entdeckt ginn, dee sech wéi et schéngt am Mëttelmier veriert huet.

Dat 15 Méint aalt Déier gouf an de leschten Deeg e puer Mol gesinn, sou dat franséischt Netzwierk RNE. Deemno konnt den 8 Meeter laange Wal Ufank Mäerz viru Marokko an an de leschte Wochen och scho virun Italien beobacht ginn.

2010 goufe schonn emol Growaler virun Israel a Spuenien gesinn, d'Entdeckung a Frankräich wier awer eng Première, sou den Déierendokter a Member vum Netzwierk, den Adrien Gannnier. Growaler am Mëttelmier wiere ganz seelen, hiren natierleche Liewensraum ass den Nordpazifik. De gréissten Deel vun der Populatioun lieft am Wanter an der Géigend vu Baja California an am Summer an Alaska.

"Et ass méiglech, dass de Wal, deen a Kalifornien gebuer gouf, sech a senger éischter Fuddersaison verluer huet an amplaz an de Pazifik zeréckzeschwammen an den Atlantik geroden ass, ier e sech an d'Mëttelmier veriert huet, seet den Adrien Gannier.

Experten hoffen elo, dass de jonke Wal weiderreest a Richtung Golf vu Lion, duerno laanscht déi spuenesch Küst, ier e bei Gibraltar an den Atlantik schwamme kann. Vun do aus kéint de Wal iwwer nërdlech Gewässer an de Pazifik kommen. D'Déier wier bei beschter Gesondheet, hätt awer u Gewiicht verluer, well seng Fuddergewunnechten net fir d'Mëttelmier bestëmmt sinn, sou nach de Gannier.