3 Benevollen aus dem Diddelenger Déierenasyl erklären eis déi positiv Eegenschafte vun esou Déieren an op wat ee soll bei hinnen oppassen.

Och wa gutt d'Hallschent vun den Hënn, déi den Ament am Diddelenger Déierenasyl sinn, méi al sinn, ass dat bei de Kazen zur Zäit anescht. Do hu si den Ament bal nëmme Jonker. Egal wéi, ass et fir déi Déiere vum eelere Semester dacks e bësse méi wichteg, en neit Doheem ze fannen, wéi fir déi méi Jonk. Meeschtens hänkt et éischter vum Charakter of, ob en Déier am Asyl gestresst ass oder net. Et kann een awer feststellen, datt déi méi eeler Déieren éischter tendéieren, sech zréck ze zeien, fir hir Rou ze hunn. An engem Doheem wär dat sécherlech méi einfach. Dëst gëllt och, falls si méi Opmierksamkeet brauchen, well si eventuell krank sinn.

Bei den Adoptioune mierke si zu Diddeleng, datt d’Leit sech éischter e méi jonkt Déier eraussichen, dacks aus Angscht, datt et éischter stierft, esou de Paul Weber. De gesondheetlechen Aspekt an déi domat verbonne Käschte spille bei hirer Decisioun och eng Roll. Mat engem jonken Déier kann ee meeschtens méi weit spadséiere goen oder méi spillen. Dacks ginn d’Leit och dovunner aus, datt e jonke Mupp besser z’erzéien ass. Dëst stëmmt meeschtens awer net, weess d’Sarah El Khal. Déi eeler Hënn hunn d’Fäegkeet, genee esou séier eppes ze léieren.

Bei de Kazen ass et e bëssen aneschters, erkläert d’Sabine Lessnig. Do sinn et éischter d’Kazen am Alter tëschent 7 an 12 Joer, déi net esou séier en neit Doheem fanne wéi déi aner Altersgruppen. Famillje mat Kanner decidéiere sech éischter fir eng méi jonk Muuss. Singlen, Koppelen ouni Kanner oder eeler Leit tendéiere gären zu eelere Kazen. Déi schätzen et, datt d’Muussen net déi ganzen Zäit Opmierksamkeet brauchen. Sief et beim Hond oder bei der Kaz, wa se jonk sinn, rappe se gäre mol of. E méi rouegt Déier, kann engem och selwer hëllefen z’entspanen. Et gi Leit, déi just esou Kazen adoptéieren. Vun Ufank u si si sech nämlech bewosst, wéi al se sinn. Doduerch gi si da besser domat eens, wa se stierwen. A si wëssen, datt si duerno esou engem Déierchen op en Neits en Doheem wëlle bidden. Meeschtens ginn esou Adoptiounen och net aus Matleed gemaach.

Wann ee sech e méi en eelert Hausdéier uschaaft, da soll ee sech am Virfeld informéieren, wéi eng Besoinen et huet. Eventuell brauch et speziellt Fudder. De Paul Weber weess, datt wann esou Hënn wéi hunn, de Mënsch et dacks net matkritt. Si weisen dat anescht. Wa si manner gutt gesinn, respektiv manner gutt héieren, da soll een oppassen, datt ee se net erféiert. E Bettche mat engem orthopedeschem Kësse kann hëllefen, fir d’Schanken an d’Gelenker ze schounen. Sënnvoll ass och eng Physiotherapie, fir datt en eelere Mupp weiderhi fit bleift, esou d’Sarah El Khal. Déi 3 Benevollen erklären, datt ee beim Hond oder der Kaz soll evitéieren, datt se héich musse sprangen. Eng kleng Trap oder eng Ramp kann dem Mupp hëllefen, wann en enzwousch muss erop- oder erofsprangen, wéi zum Beispill an den Auto. Bei de Kaze mierkt een hiren Alter manner séier un. Si kënne Problemer mat der Siicht a mam Gehéier méi laang duerch d'Sensibilitéit vun hire Baarthoer ausgläichen. Wa si Arthros hunn, da wäsche sech Kaze manner bis guer net méi. An deem Fall ass et ëmsou méi wichteg, datt de Mënsch mat dem Kamp an der Biischt bei der Fleeg hëlleft.

D’Frëndschaft mat esou engem eeleren Déier ass dacks ganz déif. D’Dankbarkeet, fir endlech en Doheem ze kréien, ass dann och ganz grouss.