Fir sengem Motto "de Schéinen an d'Béischt" trei ze bleiwen, huet den John Cox kuerzerhand e Bier fir säi politeschen Optrëtt organiséiert.

Hie wëll nämlech d'Amt vum demokratesche Gouverneur Gavin Newsom iwwerhuelen, dee wéinst sengem Ausgesinn dacks als "de Schéinen" bezeechent gëtt. De Cox dogéint betruecht sech selwer als "Béischt".

Zu Sacramento huet hien en Dënschdeg gesot, dass bis ewell alleguerten "déi schéi Politiker a Kalifornien" versot hätten, dofir bréicht de Bundesstaat elo grouss Verännerungen.

De Bier souz wärend dem ganzen Evenement gedëlleg nieft dem Cox an huet sech geleeëntlech mol d'Fell gebotzt. Dat 500 Kilo schwéiert Déier gouf dofir trainéiert, a Filmer a Serien opzetrieden.

Gutt ukomm ass dësen Optrëtt allerdéngs net bei jidderengem. Schaarf Kritik gouf et zum Beispill vun der Organisatioun Peta. Si hu kritiséiert, dass een d'Biere misst a Rou loossen an net op Asphalt dierft aspären oder fir esou Events mëssbrauchen.