A Formatioune kréien déi Interesséiert déi néideg Informatiounen, fir dësen Transport kënnen z'assuréieren.

D’Fleegestatioun fir wëll Déiere sicht Fräiwëlleger, déi blesséiert Déiere bei si op Diddeleng féiere kënnen. Engersäits sinn dat Déieren, déi an den Drop-off-Statiounen zu Klierf, Nidderfeelen a Jonglënster ofgi ginn. Anersäits zielt dat fir déi Déieren, déi ee selwer net kann op Diddeleng féieren, sief dat aus gesondheetleche Grënn oder well een op der Aarbecht ass. Deen Ament bekëmmert sech dann e Benevole drëms, fir et an d’Fleegestatioun ze bréngen.

D’Viraussetzunge sinn en eegenen Auto an d’Participatioun un enger vun de Formatiounen. Se ginn op Däitsch gehalen an den Text vun der Presentatioun ass op Franséisch. Et gëllen do déi sanitär Moossnamen, dofir ass och e Mask obligatoresch.

D’Formatioune sinn all Kéiers vun 18-20 Auer :

12.05.2021 Klierf
19.05.2021 Diddeleng
02.06.2021 Nidderfeelen
03.06.2021 Jonglënster

Déi Interesséiert solle sech op dëser E-Mail-Adress mellen: centredesoins@ne-cds.lu. D’Plaze si limitéiert.