E chineesescht Verkafskonzept vun Hausdéiere suergt den Ament bei villen Déierefrënn- a Schützer fir hefteg Diskussiounen.

Wat kann ee sech ënnert dësem Konzept virstellen? Et keeft ee sech eng Këscht, an där e klenge Mupp oder eng jonk Kaz op ee waart. Virum Kaf weess een allerdéngs net, wéi d'Déier ausgesäit, dëst soll eng Iwwerraschung sinn. En Happyend gëtt et allerdéngs net fir all Véierbeener.

Südwestlech vun der Stad Chengdu gouf e Camion mat 160 där Déieren entdeckt, déi alleguerten an engem schlechte gesondheetlechen Zoustand waren. E puer vun hinne ware schonn dout.

E Virfall, deen an de sozialen Netzwierker schaarf kritiséiert gëtt. "An deem Moment, an deem vill Keefer d'Këscht opmaachen, an der Hoffnung, e liewegt Wiesen ze gesinn, fanne si a Wierklechkeet en Déier, dat u Sauerstoffmangel, Honger, Keelt oder Hëtzt gestuerwen ass", schreift eng Notzerin. Eng anere User mécht drop opmierksam, dass d'Hënn a Kaze kee "séissen" Artikel sinn an och keng Spillsaach, déi een ewechschmäisst, wann engem langweileg gëtt.

D'Transportfirma, déi dës sougenannten Iwwerraschungskëschte geliwwert, huet sech fir de Virfall entschëllegt. D'Entreprise wëll elo eng ëmfaassend Inspektioun an d'Weeër leeden.