Fir d'Populatioun vun den Déieren ze kontrolléieren, sollen 12 där Béischten deemnächst dout gemaach ginn.

Vun iwwer 45.000 Demandë ginn der 12 zeréckbehalen. Dës Persoune mussen awer virun der Juegd hir Fäegkeet als Jeeër ënner Beweis stellen an en eegent Gewier matbréngen.

Am nërdlechen Deel vum Nationalpark liewen tëscht 400 bis 600 Bisonen. Bannent 10 Joer kéint d'Populatioun vun dësen Déieren op 1.500 wuessen. Dëst kéint gréisser Auswierkungen op d'Ressourcen am Park, wéi Waasser, Vegetatioun oder  Buedem hunn, fäert d'Verwaltung vum Nationalpark.

An de leschte Jore goufen eng Abberzuel vun hinnen agefaangen an an aner Regioune bruecht. Elo sollen der e puer erschoss ginn, fir dass d'Populatioun net Iwwerhand hëlt. An deem Kader koum hinnen d'Iddi, dass sech Fräiwëlleger fir d'Juegd melle kënnen. Wéi d'Spriecherin vum Park Kaitlyn Thomas AFP géintiwwer e Freideg verroden huet, si si schonn am Viraus vu villen Interessenten ausgaangen. An anere Parke goufen et änlech Aktiounen, just do goufe Geessen oder Elchen dout gemaach.

Déi 12 Persounen, déi schlussendlech fir d'Bison-Juegd zeréckbehale ginn, mussen op d'mannst 18 Joer al an US-Bierger sinn. Donieft gëtt och en Hannergrond-Check vun hinne gemaach.

Am 19. Joerhonnert waren d'Bisone vum Ausstierwe bedrot, well vill Juegd op si gemaach gouf. Mëttlerweil huet sech de Bestand nees erholl.