De Mupp vum Ex-President vun den USA ass e Samschdeg un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen.

Et ass mëttlerweil bal eng Traditioun am Wäissen Haus ginn: D'"First Dogs". Vill fréier US-amerikanesch Presidente waren Déierefrënn. Nieft dem Barack Obama haten och den George Bush senior, Ronald Reagan an Jimmy Carter Hausdéiere wärend hirer Amtszäit. Meeschtens ware Muppen déi trei Begleeder un hirer Säit. 2009 hat den Obama säi Versprieche géintiwwer senge Meedercher ageléist, en Hond nom Walkampf z'adoptéieren. 2013 huet den zweete portugisesche Waasserhond Sunny d'Famill ëm 1 Member vergréissert.

E Samschdeg koum dunn déi traureg Nouvelle, dass de Bo verscheet ass. "Mat him huet eis Famill en treien a loyale Begleeder verluer", huet de fréiere Staatschef op Twitter geschriwwen. Iwwert e Joerzéngt war de Bo Deel vun der Famill Obama, war ëmmer dobäi, a gudden an a schlechten Zäiten. Weider erënnert sech d'Famill dorun, wéi gären de Véierbeener am Summer an d'Schwämm gesprongen ass a sech iwwert d'Iessensreschter gefreet huet.