Schonn als Kand kënnt ee mat dësem Déier a Kontakt. Wien huet net héieren, dass de Storch d’Bëbeeë bréngt? Mee firwat ass dat esou?

Firwat ginn et an der Lescht ëmmer méi Storch-Famillen, déi op Lëtzebuerg kommen, fir fir Nowuess ze suergen? D’Erklärung fënnt een op der Lamesch Millen zu Monnerech, hei wou schonn zanter Jore Storchen eis besiche kommen, ma de Patric Lorgé vun Natur an Ëmwelt këmmert sech schonns vun ufanks un hei drëm. Haut ass e ganz besonneschen Dag fir d’Storchen, well se beréngt ginn. Dëst erlaabt et den Ornithologen, fir erauszefannen, wou hir Rees higeet.

D’Réckmeldunge vun aneren Vullen-Beobachter si leider net esou heefeg ewéi ee sech dat wuel erhofft hat. Gewosst ass, dass déi Storchen, déi mer zu Lëtzebuerg ze gesi kréien, awer méi wäit fléien, fir ze iwwerwanterten ewéi dat, wat bis dato gemellt gouf. An de leschte Jore koume just 4 Réckmeldungen eran.

Et ass awer d’Renaturéierung vu verschiddene Géigenden zu Lëtzebuerg, déi dozou bäigedroen huet, dass verschidde Vullenaarten de Wee heihinner fonnt hunn.

An der Mythologie war de Storch wéinst senge schwaarz-wäisse Fiederen nach ëmmer e Symbol fir de Lien vu Géigesätz. Gutt a béis, hell an donkel, a Männlechkeet a Weiblechkeet, wat erkläert, firwat mer ëmmer gezielt kruten, dass de Storch eis bruecht hätt.

Elo heescht et ofwaarde fir eis Ornithologen, spannend bleift et definitiv bis d’nächst Joer, well da weist sech, wie vun de Storchen zréckkënnt a wien net.