Fir d'Personal, dat vu méindes bis sonndes Ofstréch am Hals oder an der Nues duerchféiert, kann den Alldag iergendwann monoton ginn. Ma net iwwerall...

Fir Ofwiesslung an dat eent oder anert Laachen am Gesiicht suergen an den Teststatiounen zu Melbourne Véierbeener. Vill Leit bréngen nämlech hire beschte Frënd op 4 Patten an den Drive-in mat. Ob elo als mental Ënnerstëtzung oder well si souwisou grad mam Déierchen ënnerwee waren: D'Personal freet sech dacks iwwert den horege Besuch. Ënnert hinnen och d'Australierin Tiffany White.

Nodeems si ëmmer nees Hënn op de Réckbänken entdeckt huet, déi hir den Dag verséisst hunn, koum hir kuerzerhand d'Iddi, en Account op Instagram ze maachen, fir dës schéi Momenter mat de Mënschen dobaussen ze deelen. Eng Iddi mat groussem Succès, wéi sech erausgestallt huet.

Mëttlerweil zielt "swabdogsofinsta" 13.000 Follower. Vu Puddel, Staffordshire bis Baaschtert ass fir all Déierefrënd eppes dobäi. Ausserdeem hu sech och schonn e Papagei an e puer Kaze fotograféiere gelooss. Eng schéin Oflenkung fir d'Personal un der Corona-Front. A wie weess, vläicht ass e Corona-Test jo just nach hallef esou schlëmm, wann de beschte Frënd vum Mënsch hannen am Auto sëtzt an een ulaacht.