An der Géigend vun Heusweiler-Wahlschied an der däitscher Grenzregioun ass en Test op Huesepescht bei engem Kadaver positiv ausgefall.

Zanter 2019 goufen am Ganze 27 där Déieren op Tularämie getest. 11 vun hinne waren infizéiert.

Doudeg oder krank Feldhuesen oder wëll Kanéngercher solle beim Landesamt via Mail op den tiergesundheit@lav.saarland.de oder per Telefon 0681/9978-4500 gemellt ginn, fir dass d'Déiere kënnen ënnersicht ginn. Wien esou ee Kadaver fënnt, soll Händschen undoen, fir sech virun enger méiglecher Infektioun ze schützen. Generell gëllt awer de Kontakt mat den doudegen Déieren ze evitéieren, sou den Ëmweltminister Reinhold Jost.

D'Huesepescht ass nämlech ustiechend a ka vun Déier op Mënsch iwwerdroe ginn. Tularämie léist grippenänlech Symptomer aus (Féiwer, Houscht, Kappwéi...) a kann uerg gesondheetlech Schied mat sech bréngen. Et wier allerdéngs éischter seelen, dass sech e Mënsch géing domadder ustiechen, betount den Ëmweltministère. 2019 goufen an Däitschland 72 Infektioune bei Mënschen diagnostizéiert.