Ëmmer méi vun dëse friddlechen a gemitterlechen Déiere fannen näischt méi ze iessen. Iwwer 10% vun der Populatioun sinn dëst Joer a Florida verscheet.

Aus engem rezente Rapport vun der "Florida Fish and Wildlife Conservation Commission" geet ervir, dass op d'mannst 761 Manatis tëscht dem 1. Januar an dem 28. Mee 2021 gestuerwe sinn. 2020 waren et der 637 iwwert dat ganzt Joer verdeelt. Schätzungen no kéint dëst Joer den traurege Rekord aus de leschte 5 Joer iwwertraff ginn. 2018 waren et 824 Doudeger. 2021 rechent ee mat méi.

Ausléiser vun dësem drastesche Réckgang ass d'Waasserqualitéit, déi sech verschlechtert, well ëmmer méi Ofwaasser, landwirtschaftlech Chemikalien an Dünger an d'Lagune lafen. D'Séigras, vun deem si sech ernieren, gëtt ëmmer méi rar.

De Bestand vun de frëndleche Risen aus der Séikou-Famill hat sech nees verbessert. 2016 goufen iwwer 9.000 Déiere gezielt. Déi aktuell Chiffere sinn allerdéngs alarmant. Vill Organisatiounen an Déierefrënn kämpfen ëm hiert Iwwerliewen, päppelen d'Manatis nees op a loosse se da fräi. Op engem Punkt si sech d'Retter eens: Der Fuerderung no méi strenge Gesetzer, Kläranlagen an Ëmweltschutz.