Nodeems zu Chennai am Zoo eng Léiwin gestuerwen ass, déi héchstwarscheinlech infizéiert war, gouf entscheet, d'Elefanten ze testen.

Wéi d'Lokalzeitung "The New Indian Express" schreift, wier den Test bei 9 Léiwen ufangs Juni positiv ausgefall. Een 10 Joer aalt Déier, dat Féiwer hat, huet net iwwerlieft. De Schnelltest war zwar negativ, d'Resultat vum PCR-Test steet allerdéngs nach aus.

Dowéinst wier als Virsiichtsmoossnam entscheet ginn, e Coronatest bei den Elefanten am Mudumalai-Nationalpark zu Tamil Nadu duerchzeféieren. 28 Déieren hu sech missen engem Ofstréch an der Nues an am Hënner ënnerzéien, dorënner och 2 Klenger.

An engem Video vum Nationalpark ass ze gesinn, wéi d'Tester gemaach goufen. Ganz couragéis hu si hire Rüssel higehalen. Duerno koum den Echantillon kuerz an den Anus. Wéi et vum Vertrieder vum Park heescht, hätten d'Déieren de Coronatest ouni Problemer iwwert sech ergoe gelooss. Si wiere gutt trainéiert, huet hie betount.

Bis ewell hätt kee vun hinne Symptomer gewisen. Enn der Woch sollen d'Resultater virleien.